Den Hamefrigo:

Noodeem d’Hamen, d’Wurschten an all déi aner Saachen gereechert goufen, kommen se an den Hamefrigo. Dësen läit direkt nieft der Haascht.

Hei ass permanent eng Temperatur vun 9 bis 10 Grad. D’Loftfiichtegkeet läit konstant bei 85%.

Dëst sinn d’Idealbedingunen fier dat eng Ham bannen a baussen gläichméisség drëchent.

D’Hamen zum Beispill, hänken ongeféier 10 Méint an dësem Raum an sinn dann eréischt richteg gudd.


© DANI KNEIP