Historique:

Marc Kinnen, gebuer den 04. July 1970 zu Hierber (Herborn), am Oste vum Land.

Hien ass e Baurejong a kennt séch duerfier ganz gudd mat de Béischten aus.

Vun 1989-1999 huet hien beim Metzler Schmitz-Servé zu Waaserbëlleg geschafft. Hei huet hien séch haaptsächléch ëm d'Wurschtkichen bekëmmert.

Duernieft huet en séch an deenen 10 Joor ëm d'Schluechten an d'Zerschneiden doheem om Haff bekëmmert.

Vun 2000 bis 2003 huet en am Schluechthaus zu Ettelbréck als Kopfschlächter geschafft.

2003 huet hien et rëskéiert séch selbststänneg ze maachen.

Säi Betrieb zu Marnéch ass ganz gudd ageriicht an sou ass och eng héich Qualitéit vun sénge Produkter garantéiert.


© DANI KNEIP